Création
2024

D’Julie an den Aprikosejong

Cosimo Suglia

en langue luxembourgeoise ou française

 

avec Mady Durrer, Luc Lamesch et Magaly Teixeira

mise en scène – Daliah Kentges
scénographie et costumes – Anouk Schiltz
musique – Arthur Possing
lumières – Antoine Colla
assistanat – Laetitia Lang

 

coproduction Théâtre du Centaure, Kinneksbond, Centre Culturel Mamer et Kulturhaus Niederanven

 

Dossier de presse

 

Dossier pédagogique

photos – © Bohumil Kostohryz

Théâtre du Centaure

en langue luxembourgeoise

tout public
avril 2024 : 25 (18h30), 27 (15h, 17h), 28 (15h, 17h)

représentation scolaire
avril 2024 : 26 (10h30), 30 (10h30)

 

 

 

 

Tarifs: 20€ / 8€

Kulturpass accepté.

 

Tarif scolaire: 7€ par élève / accompagnateur·rice gratuit

LU

D’Julie ass e klengt Meedche mat enger grousser Leidenschaft fir eng ganz bestëmmte Fruucht: séiss, säftteg a samteg Aprikosen. Am Bësch, net wäit ewech vu sengem Doheem, sou heescht et, steet e ganz besonneschen Aprikosebam, dee gréisste vu senger Zort, mat deene beschten a schéinste Friichten, déi jee ee Mënsch gesinn huet. Säi Papp awer huet dem Julie strengstens verbueden, an dëse Bësch ze goen, well, sou erzielen sech d’Duerfbewunner säit Joerhonnerten, der Doud do lauert. Mee well d’Julie gewinnt ass, dat ze kréien, wat et wëll, a well seng onmoosseg Gloscht him keen anere Choix léisst, schläicht hat sech enges Nuets heemlech eraus, fir dës eenzegaarteg Këstlechkeet ze schmaachen. An tatsächlech, déif am Bësch verstoppt, fënnt d’Julie e risege Bam, mat Aprikosen sou grouss wéi Melounen. Hat hat also, sou seet et sech, wéi ëmmer Recht. An et huet dëse Gedanken nach net richteg zu Enn geduecht, wéi et op eemol am Gebësch raschelt an e wonnerbaart klengt Wiesen ervir kënnt, dat dem Julie seng Virstellungskraaft bei wäitem iwwertrëfft…

 

Ausgoend vu senger Kuerzgeschicht „The Little Girl That Knew Better“, (Les Cahiers Luxembourgeois Numéro 3, 2020) entwéckelt de Cosimo Suglia, deen 2021 mam Chrysalis Award, e Präis fir Nowuessschrëftsteller a spekulativer Fiktioun, fir Lëtzebuerg ausgezeechent gouf, zesumme mam Daliah Kentges en Theaterstéck fir Kanner ab 6 Joer.